Fotoreportagen

Hochzäit, Verlobung, Trash the Dress, Gebuertsdag, Familljefest, Kanddaf, …

Dir hutt e wichtegen Dag geplangt an dir wëllt dëss schéi Momenter festhalen. Mir schaffen zesumme mat Iech déi richteg Formule aus fir datt den Dag am richtege Wénkel agefaang gëtt.

Corporate Fotoen

Ambiance Fotoe fir an eng Brochure/Website, Gruppefotoen, …

E flotten Design vun enger Brochure oder ärem Site brauch qualitative gutt Fotoen. Mat enger uspriechender Foto ënnerscheet dir Iech oft vun äre Konkurrenten a maacht et dem zukünftege Client méi einfach sech fir Iech z’entscheeden.

Event Fotoen

Concert, Cocktail, Vernissage, Betribsfeier, …

All déi Méi an e groussen a flotten Event gestach, mee ausser d’Erënnerung bleift Iech keng Trace. Sief et fir är Archiven, fir eng Corporate Brochure oder en Album op facebook ze maachen, mat eise professionelle Fotoen hannerloosst dir de richtegen Androck.

Selfie Material

Instax, Fotodrucker, Photomaton, Verkleedungen,…

Zënter dem Oscar huet jiddereen dat Wuert «Selfie» opmannst emol héieren. De Prinzip ass einfach dir huelt eng Foto vun Iech selwer oder mat aneren zesummen. Bësse méi spannend gëtt et nach mat der passender Verkleedung.

Mobile Studio

Studio Blëtzer, Verkleedungen, Accessoiren, …

Op d’Mëschung kennt et un, ween stellt sech mat weem virun d’Kamera a wéi ? Eng flott Erënnerung fir den Organisateur an eng grouss Freet fir jonk an al den Owend selwer.

Grafik Design

Invitatioun, Save the Date, Menu, Invitatiouns Websäit …

En Evenement ouni Gäscht ? Ondenkbar ! Eng originell Invitatioun iwwerzeegt d’Leit séier sech bei Iech anzeschreiwen. Fir e bleiwenden Androck bei de Schwéierelteren ze hannerloosse stelle mir gär mat Iech zesummen een individuellt Event Konzept zesummen. Oder maacht iech d’Liewen einfach mat enger moderner Invitatiouns Websäit wou är Gäscht am Virfeld iwwer alles informéiert ginn, vum Oflaf bis hin zu ärem éischten cheesy Moment.

Bronz1.380 € TTC

  • Virgespréich
  • Den Dag vun der Hochzäit : 16 :00 – 22 :00
  • Online Galerie
  • HD Fotoen am JPG

Sëlwer1.840 € TTC

  • Virgespréich + klenge Shooting
  • Den Dag vun der Hochzäit : 16 :00 – 01:00
  • Mobile Fotostudio mat Accessoirë fir Fotoe vun de Gäscht nom Iessen ze maachen
  • Online Galerie
  • HD Fotoen am JPG
  • Klengen Albums

Gold2.400 € TTC

  • Virgespréich + klenge Shooting
  • Den Dag vun der Hochzäit : 11:00 – 01:00
  • Reportage vun de Preparatiounen
  • Mobile Fotostudio mat Accessoirë fir Fotoe vun de Gäscht nom Iessen ze maachen
  • Online Galerie
  • HD Fotoen am JPG
  • Album

Platin3.200 € TTC

  • Virgespréich + klenge Shooting
  • Den Dag vun der Hochzäit : 11:00 – open end
  • Reportage vun de Preparatiounen
  • Mobile Fotostudio mat Accessoirë fir Fotoe vun de Gäscht nom Iessen ze maachen
  • Online Galerie
  • HD Fotoen am JPG
  • Deluxe Album mat Box
Dir hutt äert Gléck nach net fonnt?
Mellt Iech bei eis fir all aner Form vu Service, fir datt mir Iech eng detailléiert Offer preparéiere kënnen.